CIGL Suessem

CIGL Suessem

Partager

10/06/2026

🍅 Dëse Freiden/Samschden gëtt et erëm eng BIO-Gemeiskëscht🍅
Dir musst eis an de Kommentare schreiwe, wouhinner dir är Këscht wëllt siche kommen.
- bei eis an der Déifferdenger Strooss zu Zolwer Freides vun 10h00-15h30
- an der "Eis Epicerie (2, Rue du Knapp zu Zolwer) Freides vu 16h00-18h30 oder Samschdes vun 8h00-12h00
Mir bidden iech 20 frësch Geméiskëschten zum Präis vu je 25€ un:
- 1 Zalot
- 2X Fenchel
- 2X Kolrabi
- 1 Bott frësch Ënnen
- 1 Bott Muerten
- Erdbier

Wéi ëmmer muss dir är Këscht/Tuut selwer matbrengen. Mir bieden iech bei enger Reservatioun är Këscht och sichen ze kommen.
💸Bezuele kënnt dir Cash oder mat der Kaart

08/05/2026

🥕🌱 Eis Equipp vum Suessem Schmaacht ass fläisseg am gaang an eise Gäert ze schaffen!
Lues a lues wiisst eist frëscht Geméis op den 3 Plazen an der Gemeng an et dauert net méi laang bis dir erëm är lecker Geméiskëschte bestelle kënnt. 🥬🍅

📅 Déi éischt Këscht publizéiere mir den 27. Mee.
📦 Ofhuele kënnt dir se wéi gewinnt Freides, den 29. Mee:
👉 beim CIGL
👉 oder an der Eis Epicerie zu Zolwer

Mir freeën eis schonn drop, iech erëm mat villem frëschem Geméis ze versuergen! 💚🌿

24/04/2026

🥗🥗🥗Duerch dat gutt Wierder hu mir elo schonn e klengen Iwwerschoss u gudde frësche BIO Zaloten. Dir kënnt är Zalot(en) reservéieren a se Mëttwochs de 29. Abrëll oder Donneschdes den 30. Abrëll vun 10h00 - 15h30 bei eis am CIGL ewechhuelen.
Schreiwt eis einfach ënnen an d'Kommentare wéivil Zaloten datt dir wëllt 🥗🥗🥗

220, Rue de Differdange L-4439 Soleuvre

Wéi ëmmer muss dir är Këscht/Tuut selwer matbrengen.

💸Bezuele kënnt dir Cash oder mat der Kaart

25/02/2026

Eis Equipp huet iwwert de Wanter dës flott Kichen fir d'Kanner aus der Crèche "Roude Wee" gemaach. D'Kichen ass haut vu Luxcontrol ofgeholl ginn an ab elo kënnen d'Kanner dovunner profitéieren.

Mir wënsche vill Spaass🧑‍🍳👨‍🍳🥗🍽️🍴

19/02/2026

D'Fréijoer réckelt ëmmer méi no an déi éischt Gaardenaarbechte sti lues awer sécher un. Wunnt dir an der Gemeng Suessem, sidd iwwert 60 Joer al a braucht d'Hëllef vun eisem CIGL? Da mellt iech um 265901401 oder op [email protected]

Follgend Gaardenaarbechte gi vun eisem Klengen Atelier ugebueden:

- Méien

- Héckeschnëtt a Bamschnëtt

- Ëmgruewe vun ärem Gaart

- Kärcheraarbechten

- Onkraut rappen

Donieft kann eis Equipp iech och hëllefe wann dir Saachen a Material fir op de Recycling hutt.

Vous voulez que votre organisation soit Service Du Gouvernement la plus cotée à Soleuvre ?
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Téléphone

Adresse


Differdange
Soleuvre
L-4438

Heures d'ouverture

Lundi 08:00 - 16:00
Mardi 08:00 - 16:00
Mercredi 08:00 - 16:00
Jeudi 08:00 - 16:00
Vendredi 08:00 - 16:00