CMCM
13/06/2026
📢 Léiwe Member. Den 15. Juni sinn eis Büroen ausnahmsweis vun 15:00 bis 16:00 Auer zou 🔒
Merci fir däin Versteesdemech. Mir sinn duerno nees gär fir dech do.
11/06/2026
🧘♀️ YOGA – Méi wéi nëmmen eng Beweegung🧘♂️ Du hues dech gefrot, wat hannert Yoga wierklech stécht? An eisem nächste Health Talk geet et net ëm komplizéiert Positiounen oder Fitnessleeschtungen, mee ëm d'Essenz vum Yoga.
✨ Entdeck d’Essenz vum Yoga:
D'Geschicht an d'Originen vum Yoga
D'Philosophie hannert dëser Joerdausenden aler Praxis
D'Roll vu Kierper, Otem a Geescht am Yoga
Firwat Yoga haut esou vill Mënschen op der Sich no Rou a Balance inspiréiert
Wéi d'Prinzipie vum Yoga eis am Alldag hëllefe kënnen
D'Sarah Cattani, certifizeiert Yogaprofesserin a Podcast-Host vu "Be Well", hëlt dech mat op eng spannend Rees vun den Urspréng an Indien bis an eisen modernen Alldag
Mei Informatiounen hei 👉 https://experience.cmcm.lu/lb/sarah-cattani-yoga-mei-wei-nemmen-eng-beweegung/
📅 18. Juni 2026 🕐 13:00 Auer
07/06/2026
🚎 CMCM ON TOUR – D’nächst Woch si mir
📍 E Mëttwoch den 10. Juni zu Iechternach um Maart am Zentrum vun 08h30 bis 13h
📍 En Donneschden den 11. Juni zu Diddeleng um Maart op der Gemengeplaz vun 08h bis 12h
📍 E Sonnden de 14. Juni um Ettelbrécker Fussballdag an den Deichwisen vun 09h bis 18h
👉 Déi ganz Lëscht mat den Datumer, Plazen an Auerzäite kanns du dir op eisem Site ukucken: https://ontour.cmcm.lu
An dëser Podcast-Episod schwätze mir mam Greta Flisi iwwert Vipassana-Meditatioun 🧘
Virun der Entdeckung vum Vipassana huet si e ganz “normale”Wee ageschloen: Si huet Philosophie studéiert an als Iwwersetzerin geschafft.
No engem 10 Deeg Vipassana-Retraite huet sech hir Aart aWeis, d’Liewen ze feieren, awer grondleeënd verännert. Si huet erkannt, datt si selwer d’Quell vun hirem Gléck ass, net d'Ëmstänn, net d'Ëmwelt 💭
Et ass eng déif Iwwerzeegung dat alles wat mir sichen, schonn an eis läit, mir mussen nëmme léieren, no bannen ze lauschteren.
🎧 Lauschtert an déi ganz Episod eran iwwer de Link an eiser Bio
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Type
Contacter la pratique
Site Web
Adresse
32-34, Rue De Hollerich
Luxembourg
1740
Heures d'ouverture
| Lundi | 08:45 - 11:45 |
| 13:00 - 17:00 | |
| Mardi | 08:45 - 11:45 |
| 13:00 - 17:00 | |
| Mercredi | 08:45 - 11:45 |
| 13:00 - 17:00 | |
| Jeudi | 08:45 - 11:45 |
| 13:00 - 17:00 | |
| Vendredi | 08:45 - 11:45 |
| 13:00 - 17:00 |