FC Brouch

FC Brouch

Partager

Photos from FC Brouch's post 16/06/2026

Am Numm vum FC Brouch wëlle mir iech, eise Spiller, vun Häerze Merci soen fir dës Saison! 🙏⚽

Dir hutt op all Training an op all Match alles ginn, a genee dat ass dat, wat de FC Brouch ausmeet. Och wann dës Saison net just vu positive Momenter geprägt war, hutt dir oft gewisen, dass dir och duerch schwéier Phase kënnt goen. 💪

Den Héichpunkt vun eiser Saison, de Barragematch, wäert bei eis allen am Gedächtnis bleiwen – net nëmmen well et e grousse Match war, mä well dir alles ginn hutt fir de Veräin a fir eis Fans. Den Opstig hu mir zwar knapp verpasst, mä dëst Joer huet gewisen, wat an dëser Ekipp stécht, a mir sinn immens houfreg op iech!

Kapp héich, – déi nächst Saison kënnt!

ALLEZ FC BROUCH! ❤️🖤

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Adresse


Luxembourg