LetzBeAware
08/06/2026
Männer kräischen. Männer hunn Angscht. Männer kënnen iwwerfuerdert sinn.
Vill Männer kruten a kréien nach ëmmer de Géigendeel vermëttelt.
Vläicht gëtt et Zäit, eppes aneres ze vermëttelen:
Staark sinn heescht net, alles eleng ze droen.
Stäerkt weist sech am Mutt, no Hëllef ze froen.
Als Ausdrock vun denger Solidaritéit, dierfs du gär een 💚 an de Kommentarer hannerloossen.
05/06/2026
09/01/2026
🧠 Wanns du drop waarts, datt een anere Mënsch däi Wäert erkennt oder dir dat gëtt, wats du brauchs, da gëss du dëser Persoun d’Muecht iwwert däi Gléck. Déi richteg Verännerung fänkt dann un, wanns du ophäls ronderëm dech ze sichen, an ufänks, dës Persoun fir dech selwer ze sinn.
Du entscheets, wats du wäert bass. Du setz däi Moossstaf, an distanzéiers dech vun allem, wat deem net gerecht gëtt. Net wells du “verbattert” bass, mee wells du verstanen hues, datts du dech net mat manner muss zefridde ginn. ⭐
➡️ Dat ass d'Fräiheet, sech selwer net musse kleng ze maachen. 🍀
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.
Contacter l'entreprise
Site Web
Adresse
Luxembourg