HBD II

HBD II

Partager

Photos 26/03/2016

SUNDOWN AT SECRET LOCATION. Hosted by Räiber an Banditen

13/03/2016

D'Fréijoer kënt mat groussen Schrëtt, an är Bandidos sinn dofir déi zwee lescht Weekender opgebléiht!
Mir hu Wonne geleckt an eisen post-Coque-Trauma duerch Gruppentherapie gutt verschafft.
Wann ee vum Pärd fällt, klëmmt een als gudden Raiber direkt erem drop.
Esou hu mir leschten Sonnden den Nationaldivisionär Stroossen aus hierer Stuff gekiert.
Gëschter waren dann déi Dikrecher Gesellen op hieren Ieselen geridde komm, an wollten hier Opstiegsambitiounen kloer maachen. D'Rechnung war bei engem 2 Goaler Virsprong 2 Minutte viru Schluss bal opgaangen, mee d'Gangster aus der Forge du Sud hunn sech net geschloe ginn, an de Match in extremis gedréint!
2 vun 2 also am Playoff. E Freiden um 20h30 reese mer op Schëffléng bei den haushéijen Favorit an desem Grupp. Mol kucken wéi mer den kënnen stëppelen... Kommt eis dobäi ënnerstëtzen!

Photos 27/02/2016

Mat 25:18 wi***en eis d' Jongen aus dem Réiserbann. Mer gratuléieren dem HC Bierchem an soen dem HB Dideleng Merci fir den Support an d'Blummen. ;)

19/02/2016

****FRIDAY NEWS****
FINAAALEEE ohoooo
Är sprëtzeg Frënn vum Ballsport hu sech gëscht am ëiwegen Süd-Derby gëint Esch 2 duerchgesaat.
Elo spillen mir en Samschdeg, den 27. Februar, um 15:30, an der Coque d'Final ëm d'Coupe.

Mir hoffen dann, esou wëi gëscht, vu villen lautstaarken Schlachtenbummler ugefeiert ze gin !

Op dësem Wee drecken mir och eiser U-21 fir hier Coupe Final en Sonndeg zu Grevenmacher ganz fest Daumen!

Vous voulez que votre entreprise soit Gym la plus cotée à Luxembourg ?
Cliquez ici pour réclamer votre Listage Commercial.

Site Web

Adresse

Luxembourg