Fuchs Steve
12/02/2026
An der Chamber war haut ee Vott, mir hunn eis dofir agesat an esou ofgestëmmt, dass och weiderhin d'Méiglechkeet besteet fir getrennten Toiletten an der Schoul ze hunn.
23/01/2026
Mat de Piraten géifen d’Aarbechter entlaascht ginn, net d’Millionären!
Mir sti fir Steiergerechtegkeet a fir méi Netto do, wou et am Alldag wierklech zielt: bei de Leit, déi moies fréi opstinn, schaffe ginn a Lëtzebuerg um Lafe halen.
Gëschter hunn d´CSV, DP an ADR an der Chamber e Gesetz gestëmmt, dat Fondsmanager mat Steiergeschenker op Lëtzebuerg lackele soll.  
📌 Wat heescht dat konkret?
Wann de Manager 1.000.000 € am Joer verdéngt:
➡️ CSV, DP an ADR him elo 340.000 € pro Joer schenken, dat un eng eenzeg Persoun, a just fir Manager vu Fonds.
Fazit: Dat ass keng Politik fir d’Leit. Dat ass eng Politik fir déi uewen.
Mir Piraten maachen et anescht: Entlaaschtung fir d’Aarbechter an d’Mëttelschicht, net Steiercadeaue fir Millionären. 
17/12/2025
Soirée d’information pour les salariés du Service Architecte-Maintenance de la Ville de Luxembourg
Les syndicats OGBL♦️et LCGB 🟢, ensemble avec leurs délégués, ont organisé une soirée d’information pour les salariés de la Ville de Luxembourg (VDL) dans le but de recueillir leurs doléances concernant leurs conditions de travail.
La trentaine de salariés présents a pu profiter de ce moment convivial pour obtenir des réponses à leurs questions.
03/12/2025
# nospy
Lëtzebuerg, de Spëtzel-Staat? 🕵️🇱🇺
Dës Woch stëmmt d’Chamber iwwert en neit Gesetz of (PL8515), dat der Police erlaabt, bei méi Delikter wéi virdrun är Autoen ze verkabelen, Mikroen an äre Wunnengen ze verstoppen an är Computeren ze hacken. Bis elo war dat extremen Ausnamefäll (Terrorismus, Staatssécherheet) virbehalen. Elo gëtt d’Dier opgerass fir dat och beim Verdacht op aner Verbriechen ze maachen. 👀
Mir Piraten stëmmen dergéint! ❌
Mee dat ass net alles. Erënnert der iech u "Luxchat"? Déi "souverän" App, déi d’Regierung eis als déi sécher Alternativ zu WhatsApp verkaaft huet? "Kee liest mat", hunn se gesot. 🌚
De Witz dorunner: D’Regierung huet zu Bréissel fir d’Chatkontroll gestëmmt. Dat heescht, si wëllen eng Technologie, déi Ären Handy scannt, ier de Message verschlësselt gëtt. 🤨
Dat ass eng duebel Moral par excellence:
1️⃣ Heiheem Luxchat als "Safe Haven" promouvéieren.
2️⃣ Zu Bréissel d'Dier opmaache fir an är Täsch ze kucken.
3️⃣ An der Chamber d'Gesetzer stëmme fir méi Iwwerwaachung.
D'Privatsphär ass kee Kaddo vum Staat, et ass e Grondrecht. Wann mir elo net oppassen, hu mir geschwënn eng "LuxID" Iwwerwaachung, wou de Staat bei all Schrëtt matkuckt.
Wat mengt dir: Ass dat nach Sécherheet oder scho Masseniwwerwaachung? 👇
30/11/2025
Cannabiskonsum a Verkéierssécherheet - PIRATEN Zënter 2023 dierfen d’Leit Cannabis legal zu Lëtzebuerg ubauen a konsomméieren, dëst allerdings nëmmen bei sech doheem ëmmer ënnert strenge Bedingungen. Wat de Stroosseverkéier betrëfft, esou ass et, logescherweis, nach… Continue reading Cannabiskonsum a Verkéierssécherheet
Klicken Sie hier, um Ihren Gesponserten Eintrag zu erhalten.